Weil im Moment ein ziemliches Durcheinander herrscht, was die Steuervignette für landwirtschaftliche Traktoren anbelangt, hier eine Erklärung von kompetenter Seite:
"...hei ass eng Kopie vum Memorial A No 190 vum 06 November 2006. Den Artikel 70 am Punkt 7) b) seet aus dass fir e Gefier daat der Immatrikulatioun ënnerléit an keng "Contrôle technique obligatoire" huet eng "Vignette de conformité" muss gutt sichtbar opgepecht gin.
Am Artikel 9 vum Mémorial steet eng Modificatioun vum Art 176 vum Règlement Grand Ducal déi ausseet dass ënnert aanerem Trakteren déi virum 18/12/2006 ugemëllt goufen an wou zwëscheduerch keen "changement de propriétaire" gemach gouf eréischt eng Vignette de conformité ab dem 01/01/2010 brauchen. Sie kënnen se elo schons ufroen, mussen awer nët. Ab dem 01/01/2011 mussen se awer conform sinn zum Art 92 -1 vum Règlement Grand-Ducal, an eng Vignette opgepecht hun. Wann elo en neien Trakter oder eng Okkasioun ugemëllt get, da muss direkt eng Vignette opgepecht gin.
Déi aaner Gefierer déi am 2ten Abschnitt vum Art. 92.-1 ernimmt sinn, wéi z.b. déi kleng Trakteren fir ze Méihen ( Masse à vide méi kleng wéi 600 kg an Vitesse zweschent 6 an 25 KM/H) mussen ab dem 01/01/2008 "Enregistréiert" ginn an mussen dann och eng Vigenette de conformité hun, wann se iwert d'Strooss musse fueren. Dëst ass net noutwendeg wann se nëmmen op Privatem Terrain fueren. (Den Abschnitt 2 vum Artikel ass den 15 November 2007 liicht emgeännert gin an am Memorial A No 203 publizéiert gin)..."
krunnemeck
hat folgende Dateien an diesen Beitrag angehängt